D’Hëllefe vum Fërderprogramm Klimabonus Wunnen gesi vir, dass Stroumspäicheranlagen (Haus-Batterien) nëmmen zesummen mat enger Photovoltaikanlag subventionnéiert ginn, mee d’Installatioun vun oder d’Norëschte mat separate Stroumspäicheranlagen gëtt aktuell net subventionnéiert! D’Piraten hu sech bei der Regierung agesat, dass och Batterien an Zukunft vum Staat sollen subventionnéiert ginn.
D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:
- D’Regierung huet am Koalitiounsaccord festgehalen, dass si sech un den Nationalen Klima- an Energieplang (PNEC) géif halen, deen duerch eng Villzuel u Moossnamen d’Reduktioun vun den Zäregasemissioune soll erreechen;
- Fir Januar 2025 warnen den ILR an d’Stroumnetzbedreiwer d’Konsumenten, dass d’Käschte fir de Stroum ëm 30% wäerten erop goen. Duerch eng nei Formel bei der Berechnung vun de Netzkäschten riskéiere grad déi Leit, déi d’Energiewend ënnerstëtzen an a Wärmepompelen an Elektroautoen investéieren, finanziell benodeelegt ze ginn, well si méi héich Netzkäschten verursaachen;
- D’Hëllefe vum Fërderprogramm Klimabonus Wunnen gesi vir, dass Stroumspäicheranlagen (Haus-Batterien) nëmmen zesummen mat enger Photovoltaikanlag subventionnéiert ginn, mee d’Installatioun vun oder d’Norëschte mat separate Stroumspäicheranlagen gëtt aktuell net subventionnéiert;
- D’Moossnam n°307 am PNEC betreffend dem Régime d’aides Klimabonus Wunnen schreift vun der Eligibilitéit vu Stroumspäicheranlagen, mee de PNEC gesäit sos keng Moossnam vir, dass d’Leit méi an de Stockage vum Stroum investéieren.
Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:
- eng separat Subventioun fir de Kaf vu Stroumspäicheranlagen (Haus-Batterien) anzeféieren.