Ausbezuele vun den Aidë fir eng PV-Anlag

An An der Äntwert op d’Fro n°7163 gouf versprach, dass “alles dru gesat [géif ginn] fir déi momentan Retarde beim Ausbezuele vun de Primme schnellstméiglech ze reduzéieren, sou dass déi Fro sech an Zukunft net méi stellt.” Ee kompletten Dossier sollt an Zukunft an engem Delai vu maximal 3 Méint traitéiert sinn. Dës Weidere hätt d’Ëmweltverwaltung 10 weider Posten à durée déterminée zougesprach kritt. Doduerch sollen d’Beaarbechtungszäiten reduzéiert ginn a Stéit hir finanziell Hëllefe schnellstméiglech ausbezuelt kréien.

An der Äntwert op d’Fro n°531 ass ze liesen: “Bei den Demandë fir eng Fotovoltaikanlag déi 2022 an 2023 erakomm si war d’Duerchschnëttswaardezäit fir d’Ausbezuele vun der Hëllef 1 Joer. Dësen Delai konnt rezent op 10 Méint reduzéiert ginn. Beméiunge fir dësen Delai weider ze verkierze sinn am Gaang. Dozou gehéieren
d’Iwwerschaffe vun de Formulairen, d’Ausschaffe vun enger Strategie fir d’Unzuel vun
onvollstännegen Dossieren an Zukunft ze reduzéiere, souwéi d’Optimisatioun vun den interne Prozesser.”

  1. Wéi vill Prozent vun den Dossieren, déi komplett sinn, kënnen antëscht an deene genannten 10 Méint traitéiert an duerch d’Ausbezuele vun den Aiden ofgeschloss ginn?
  2. Wéi vill Prozent vun den Dossieren, déi komplett sinn, brauchen nach ëmmer méi wéi déi genannten 10 Méint, fir traitéiert an duerch d’Ausbezuele vun den Aiden ofgeschloss ze ginn?
  3. Wéi vill Prozent vun den Dossieren, déi komplett sinn, brauche manner wéi déi genannten 10 Méint, fir traitéiert an duerch d’Ausbezuele vun den Aiden ofgeschloss ze ginn?
  4. Konnt d’Ëmweltverwaltung déi 10 weider Posten à durée déterminée, déi se zougesprach kritt hat, antëscht all besetzen?

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen