Oflafdatumer vu Medikamenter

Rezent Etuden hunn gewisen, datt déi meescht Medikamenter, besonnesch déi op Basis vu Paracetamol an Ibuprofen, hir Wierksamkeet wäit iwwert dat eraus behalen, wat als Oflafdatum op der Verpackung uginn ass. Eng Etude vun der UFC-Que choisir am September 2024 huet souguer bewisen, datt Medikamenter, déi der Beschrëftung no zënter iwwer 30 Joer ofgelaf wieren, nach ëmmer genuch aktiv Substanz enthalen, fir therapeutesch wierksom ze sinn.

Dës Situatioun werft eng Rei vu Froen op, souwuel am Hibléck op d’Verschwendung vu Ressourcen, d’Ëmweltbelaaschtung duerch d’Entsuerge vun nach funktionsfäege Medikamenter, wéi och déi gesondheetlech Auswierkungen. D’Ewechgeheie vu Medikamenter, déi nach gebraucht kéinte ginn, féiert zu onnéidege Käschte fir d’Patienten an d’Gesondheetsversécherung. Ausserdeem kéint dëst zu enger kënschtlecher Erhéijung vun der Nofro féieren an esou d’Versuergungsenkpäss verstäerken.

An deem Zesummenhang wéilt ech der Madamm Ministesch dës Fro stellen:

  1. Wéi bewäert de Minister d’aktuell Regulatiounen zu den Oflafdatume vu Medikamenter zu Lëtzebuerg am Vergläich mat anere Länner, wéi zum Beispill den USA?
  2. Plangt d’Ministesch eng Etude duerchzeféieren, fir d’Risiken a potenziell Virdeeler vun enger Verlängerung vun den Oflafdatume vu Medikamenter ze ënnersichen?
  3. Gëtt et Iwwerleeungen, fir d’Krittären zur Festleeung vun Oflafdatumen ze iwwerschaffen, fir méi Flexibilitéit ze erméiglechen an dobäi d’Sécherheet vun de Patienten ze garantéieren?
  4. Wéi eng Moossname kéinten ëmgesat ginn, fir d’Verschwendung vu Medikamenter ze reduzéieren an eng méi nohalteg Approche an der Medikamenteversuerung ze fërderen?
  5. Wäert d’Ministesch en Dialog mat der Pharmaindustrie an Experten aus dem Gesondheetsberäich ufänken, fir innovativ Léisungen ze fannen, déi souwuel d’Sécherheet wéi och d’Nohaltegkeet verbesseren?

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene