GLS Caritas – Nofro

An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro n°1113 vum 20. August 2024 huet de Minister fir Wunnengsbau a Landesplanung iwwer d’Situatioun vun der Gestion Locative Sociale (GLS) informéiert. De Minister huet bestätegt, datt e Moratoire op de Loyere besteet an datt d’Proprietären informéiert goufen. Zousätzlech gouf matgedeelt, datt déi nei Struktur “HUT – Hëllef um Terrain” d’GLS wéilt weiderféieren an datt de Ministère eng nei Konventioun mat dëser Struktur preparéiert.

Säit dëser Äntwert ass elo e gewëssen Zäitraum vergaangen. D’Situatioun vun der GLS ass awer weiderhi fir vill Bierger, souwuel Proprietäre wéi och Locatairen, vu grousser Bedeitung. Et ass wichteg ze verstoen, wéi de Ministère dës komplex Transitioun geréiert a wéi d’Rechter an Interête vun alle Bedeelegte geschützt ginn.

  1. Wéi eng konkret Decisiounen huet de Ministère zënter der leschter Äntwert a Bezuch op d’GLS geholl?
  2. Wéi gesäit de geplangten Oflaf vun der staatlecher Garantie fir d’Loyeren aus a wéini kënnen d’Proprietäre mat enger Bezuelung rechnen?
  3. Wéi genee soll den Transfert vun de Kontrakter tëscht der Caritas an der neier Struktur “HUT” oflafen, besonnesch well d’Proprietären an d’Locatairen aktuell Verträg mat der Caritas hunn?
  4. Wéi eng Moossnamen hëlt de Ministère fir sécherzestellen, datt d’Rechter an Interête vu Proprietären a Locatairë wärend dëser Iwwergangsperiod geschützt sinn?
  5. Wéi eng Zäitschinn ass fir dësen Transfertprozess virgesinn a wéini kann een domat rechnen, datt de System nees vollstänneg funktionéiert?

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene