Tombola an engem Jugendhaus

Am Jugendhaus zu Péiteng gouf viru Kuerzem eng Tombola gemaach, woubäi Bongen, mee och Spillkonsole verspillt goufen. D’Missioun vun engem Jugendhaus ass et u sech, fir sozio-edukativ a kulturell Aktivitéiten op engem gemeinsamen Treffpunkt fir Jonker unzebidden. Esou steet et Mol an der Statute vun der ASBL vu Jugendhaus geschriwwen. Iwwerdeems gëtt d’Jugendhaus finanziell vum Ministère fir Bildung a Jugend subventionéiert. Et ass dofir duerchaus der Wäert sech d’Fro ze stellen, ob d’Organisatioun vu Glécksspiller dëser Missioun gerecht gëtt.

  1. Wat denkt de Minister doriwwer, dass eng ASBL, déi Jonke sozio-edukativ a kulturell Aktivitéiten zouféiere soll, hir Ressourcen (an domadder och déi vu staatleche Subventiounen) benotzt, fir Glécksspiller z’organiséieren? Ënnerstëtzt de Minister dës Aktivitéiten?

Fro n° 1119

CHD

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene