D’European Sky Shield Initiative (ESSI) ass eng wichteg Initiativ fir d’Loftverdeedegung vun Europa ze stäerken. Nodeems initial zéng NATO-Alliéierter, dorënner eise wichtege Partner Belsch, e Memorandum of Understanding ënnerschriwwen haten, zielt d’Initiativ elo 22 Memberen. Lëtzebuerg ass allerdéngs net dobäi. Am Hibléck op eis strateegesch Positioun an Europa an d’Bedeitung vum Fluchhafe Findel, deen op d’NATO-Pipelinenetzer ugewisen ass, an och fir eis Verbindung mat der Welt, ass dës Absence erstaunlech.
Den EU-Aussebeoptraagte Josep Borrell huet an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro am Europäesche Parlament ënnerstrach, datt d’Stäerkung vun der Loft- a Rakéiteverdeedegung zu de “ganz dréngende Fäegkeetsdefiziter” an der EU-Verdeedegungsanalyse gehéiert.
An deem Zesummenhang wéilt ech der Madamm Ministesch dës Fro stellen:
- Firwat ass Lëtzebuerg bis elo net Member vun der European Sky Shield Initiative ginn, obwuel eise wichtege Partner Belsch e Grënnungsmember ass a sech d’Initiativ elo op 22 Membere vergréissert huet?
- Wéi bewäert d’Ministesch d’Bedeitung vun der ESSI fir d’Sécherheet vun eisem Loftraum, besonnesch am Hibléck op d’strateegesch Wichtegkeet vum Fluchhafe Findel an seng Ofhängegkeet vum NATO-Pipelinesystem?
- Gëtt et Pläng fir Lëtzebuerg an Zukunft un der ESSI bedeelegen ze loossen? Falls jo, a wéi engem Zäitraum?
- Op internationalem Niveau gëtt Lëtzebuerg dacks dofir kritiséiert, et géif ze wéineg an d’Defense investéieren. Gesäit d’Ministesch ee Risiko, dass duerch en net participéieren un der ESSI de lëtzebuergeschen Image dorënner leide kéint?
- Wéi eng konkret Investitiounen an d’Loftverdeedegung si fir Lëtzebuerg geplangt, fir eisen Deel zur gemeinsamer europäescher Verdeedegung bäizedroen?