Covid-19-Vaccinen

Vill Impfstoffer, déi am Kader vun der Covid-19-Pandemie akaf oder bestallt goufen, hunn um Enn missten zerstéiert ginn, well d’Demande net méi esou grouss war, wéi ufangs gefaart. Wéinst lafende Laangzäitkontrakter, déi ënnerschriwwe goufen, si méi Vaccinen hiergestallt a verkaf ginn, wéi néideg. Dat war weder nohalteg um Ressourcen- an Emmissiounsniveau, nach gutt fir d’Staatsfinanzen. 10 Méint no der Äntwert op meng parlamentaresch Fro n° 90 vum 8. Dezember 2023 stellt sech d’Fro no der Entwécklung vun der Situatioun.

An deem Zesummenhang wéilt ech der Madamm Ministesch dës Fro stellen:

  1. Wéi vill zousätzlech Impfstoff-Dosen hu missen zerstéiert ginn zënter dem 8. Januar 2024? Kann d’Ministesch eng aktualiséiert Opstellung no Hiersteller liwweren?
  2. Wéi héich ass de Käschtepunkt vun den zerstéierten Dosen zënter dem 8. Januar 2024, souwuel fir d’Impfstoffer selwer wéi och fir hir Entsuergung?
  3. Gouf et säit dem leschte Bericht Ännerungen am Impfstoff-Bestand? Falls jo, kann d’Ministesch eis eng aktualiséiert Lëscht mat den Oflafdatumer an der Unzuel u Flacone vun all de verschiddenen Impfstoffer liwweren?
  4. Wéi vill vun de 464.354 Dose Comirnaty (BioNTech-Pfizer), déi nach erwaart goufen, sinn an der Tëschenzäit geliwwert ginn? Gouf et Ännerungen am Liwwerungsplang fir d’Joren 2024 bis 2026?
  5. Gëtt et nei Entwécklungen a Bezuch op d’Verhandlunge mat de Produzenten iwwer d’Liwwerungen an de Präis vun den Impfstoffer? Falls jo, wat sinn d’Detailer vun dësen Entwécklungen?

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene