Stade de Luxembourg

Laut dem Sportminister senger Äntwert op meng parlamentaresch Fro n°804 ass déi staatlech Participatioun un de Fonctionnementskäschte vum Stade de Luxembourg vun 2022 op 2023 vun 1.072.445 € op 2.121.662 € eropgaangen, dat entsprécht engem Plus vun ongeféier 100%. An senger Äntwert op meng Fro n°1046 begrënnt de Minister dëst domat, dass säit der offizieller Aweiung, déi iwwregens de 25. September 2021 war an net wéi an der Äntwert geschriwwen de 26. September 2021, souwuel déi steigend Energiepräisser wéi och d’Acquisitioun vu verschidden Ekipementer d’Käschten an d’Luucht gedréckt hätten.

Rezent elo huet de Wues vum Stade de Luxembourg fir vill Diskussioune gesuergt – „pelouse dans un état médiocre » huet et nom Lännermatch géint Belarus den 8. September 2024 geheescht.

  1. D’Participatioun vu 70% vum Staat un de Fonctionnementskäschte vum Stade de Luxembourg ass laut dem Sportminister senger Äntwert op d’Fro n°804 an enger Konventioun vun 2017 festgehalen. Wéi ass dës Participatioun vum Staat un de Fonctionnementskäschte vum Stade de Luxembourg genau gereegelt? Wat sinn déi genau Bestanddeeler vun dëser Konventioun?
  2. Wat fir eng Käschte sinn am Detail an de Joren 2022 an 2023 an deem Kader vum Staat iwwerholl ginn?
  3. Am Laf vun dësem Joer goufen, op Recommandatioun vun der zoustänneger Firma, Entretiensaarbechten um Wues vum Stade de Luxembourg virgeholl. Aus wat genau hunn dës Aarbechte bestanen?
  4. Kann een dovunner ausgoen, dass dës konkreet Aarbechte reegelméisseg mussen ausgefouert ginn oder ginn et antëscht maschinell Ekipementer, déi dës Aarbechten net méi néideg maachen?
  5. Wann nee, wäert an Zukunft da sécher gestallt ginn, dass esouwuel d’Fussballsfederatioun wéi och d’Rugbysfederatioun schonn am Virfeld doriwwer informéiert ginn, fir hier jeeweileg Spillkalenneren deementspriechend unzepassen?
  6. Laut Informatioune vun der Stad Lëtzebuerg hunn dës Entretiensaarbechten um Stade de Luxembourg 100.332,60€ kascht, vun deenen de Staat da 70% wäert iwwerhuelen.Gouf fir dës Aarbechten eng Ausschreiwung gemaach? Wa jo, wéi vill Firmaen hunn sech doru bedeelegt a wéi héich waren déi entspriechend Offeren?
  7. No dësen Entretiensaarbechten an am Virfeld vum Match géint Belarus huet ee Pilz den hybride Wues vum Stade de Luxembourg befall. Kann de Minister een Zesummenhang tëscht den Entretiensaarbechten an dem Pilzbefall ausschléissen?
  8. Laut der Stad Lëtzebuerg si fir d’Bekämpfung vum Pilz fir de Match géint Belarus an en vue vum nächste Match de 15 November géint Bulgarien elo scho weider 101.690,65 € engagéiert ginn, déi och zu 70 % vum Staat iwwerholl ginn. Sinn respektiv ginn dës Aarbechte vun der selwechter Firma duerchgefouert, déi och den Optrag fir den Entretien vum Wues kritt huet? Gouf et och hei eng Ausschreiwung?
  9. Mengt de Minister, dass sech domadder de Wues fir déi nächst Matcher am Stade de Luxembourg am November erëm erholl huet?
  10. Wat gedenken déi zoustänneg Servicer ze ënnerhuelen, fir dass esou Probleemer um Wues sech an Zukunft net méi presentéieren?

Zesummenhang posts

D’Kräizung Rossmillen verbënnt déi véier Dierfer Hengescht, Bënzelt, Wäiswampech a Clierf. Op dëser Kräizung koum et an der Vergaangenheet scho méi dacks zu Accidenter.
Den 9ten Abrëll 2024 huet den Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter d’Schwäiz wéinst Verletzung vun de Mënscherechter verurteelt. Et ass déi éischte Kéier datt d’ECHR
Wien éischt Hëllef leeschte kann, dee ka Liewe retten. Leit, déi een Éischt-Hëllef-Cours gemaach hunn, léieren déi richteg Reflexer an Handlungen. Et wier dofir