Global Fund

De Global Fund to Fight AIDS, TB & Malaria huet säi Joresresultatsbericht fir d’Joer 2023 verëffentlecht. Dëse Rapport weist impressionant Fortschrëtter am Kampf géint dës dräi Krankheeten. Besonnesch opfälleg ass, datt duerch d’Aarbecht vum Global Fund zënter 2002 ronn 65 Millioune Liewe gerett goufen, wat zu enger bedeitender Reduktioun vun den Doudesfäll duerch AIDS, Tuberkulos a Malaria gefouert huet.

  1. Wéi héich war de Bäitrag vu Lëtzebuerg fir de Global Fund am Joer 2023 a wéi gesäit de geplangte Bäitrag fir 2024 aus?
  2. Gëtt et Pläng, fir de lëtzebuergesche Bäitrag ze erhéijen, am Hibléck op déi impressionant Resultater vum Global Fund?
  3. Wéi eng Méiglechkeete gesäit de Minister, fir d’Expertise vum Global Fund am Beräich vun der Gesondheetsinfrastruktur an eiser Entwécklungszesummenaarbecht ze notzen, besonnesch a Bezuch op d’Digitaliséierung vum Gesondheetssystem?
  4. Wéi gedenkt de Minister d’Erfarunge vum Global Fund am Beräich vun de Mënscherechter an der Gläichberechtegung an eis bilateral Entwécklungszesummenaarbecht anzebannen?
  5. Gesäit de Minister Méiglechkeeten, fir déi nei Technologien, déi duerch de Global Fund entwéckelt goufen (wéi z.B. déi nei Moustiquaire géint Malaria), och an eise bilaterale Projeten anzesetzen?

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene