Zënter dem 1te Februar 2023 kréie Patiente Sëtzunge beim Psychiater rembourséiert. Wärend bei enger erwuessener Persoun 70 Prozent sinn, gi fir Persounen ënner 18 Joer souguer 100 Prozent vun de Käschte rembourséiert. Grad bei de Kanner ass et wichteg, dass d’Käschte komplett gedeckt ginn, fir dass all Kand, dat op professionell Hëllef ugewisen ass, dës och ka kréien, och wann d’Famill vum Kand oder Jugendleche finanziell manner gutt opgestallt ass. Un eis gouf awer erugedroen, dass et opgrond vum Mangel u Psychiatere fir Kanner zu Waardelëschten tëscht engem hallwe Joer an 1 bis 2 Jore komm wier respektiv dass Psychiatere keng nei Patient:innen méi unhuelen.
An deem Zesummenhang wéilt ech der Madamm Ministesch dës Fro stellen:
- Wéi vill Psychiateren, déi op Kanner a Jugendlecher spezialiséiert sinn, ginn et hei zu Lëtzebuerg?
- Kann d’Ministesch bestätegen, dass et de Moment ganz laang Waardelëschte bei op Kanner a Jugendlecher spezialiséiert Psychiatere gëtt, fir iwwerhaapt mol en éischte Rendez-vous ze kréien?
- Huet de Ministère eng Strategie, fir an Zukunft dës lang Waardezäiten ofzebauen an betraffene Kanner a Jugendlechen e méi séieren Accès zu der fir si noutwenneger Hëllef ze ginn?
- Wa jo, wéi gesäit dës aus?
- Wa nee, firwat net?
- Wa nee, ass et a noer Zukunft geplangt fir esou eng auszeschaffen?
- Wat kënne concernéiert Eltere maache respektiv u wie kënnen sech Eltere wende fir séier gehollef ze kréien, wa bei hire Kanner eng séier Prise en charge noutwenneg ass, si awer net séier genuch bei engem Psychiateren e Rendez-vous proposéiert kréien?