An de leschte Wochen hunn ech vu Bierger Informatiounen iwwert Schwieregkeete fir eng nodréiglech Unerkennung vum Statut vum Travailleur handicapé kritt. Dëst féiert och zu Problemer bei der Steiererklärung bei de betraffe Persounen. Am Kontext vum Gesetz vun 2003 iwwer de Statut vum Travailleur handicapé, dee vum deemolegen Aarbechtsminister François Biltgen (CSV) agefouert gouf, erginn sech heizou e puer wichteg Froen.
- Wéi vill Persounen hu säit der Aféierung vum Gesetz de Statut vum Travailleur handicapé kritt?
- Gëtt et eng Prozedur fir de Statut vum Travailleur handicapé nodréiglech unzeerkennen, wann eng Persoun schonn zënter Jore mat engem Handicap schafft?
- Firwat stellt d’ADEM keng Certificaten aus fir de Statut vum Travailleur handicapé nodréiglech ze bestätegen, obwuel d’Persoun schonn zënter Joren an dësem Kader schafft?
- De Statut vun Travailleur handicapé betrëfft net nëmmen d’Aarbechtswelt. Persounen, déi offiziell de Statut vum Travailleur handicapé hunn, kënne bei der Steiererklärung vu Steiererliichterunge profitéieren. Dofir mussen si mat engem offiziellen Dokument hire Status bestätegen.Ass dem Finanzminister de Problem bekannt, dass eng Rei concernéiert Persounen net vun de virgesinne Steiererliichterunge kënne profitéieren, well si keen offiziellt Dokument hunn, dat hire Statut bestätegt?
- Wéi kënnen d’Betraffener hiren Handicap bei der Steiererklärung beweisen, wann si keen offiziellt Dokument hunn, dat hire Statut bestätegt?
- Wéi eng Méiglechkeete ginn et fir Persounen, déi schonn zënter laangem als Travailleur handicapé schaffen, awer keen offizielle Statut hunn, fir vun de virgesinne Steiererliichterungen ze profitéieren?
- Plangt d’Regierung Moossnamen, fir dës administrativ Schwieregkeeten ze behiewen an de Betraffenen d’Méiglechkeet ze ginn, vun hire Rechter ze profitéieren?