Positioun vu Lëtzebuerg zum neien EU-Gesetzesprojet iwwer d’Iwwerwaachung vu private Messagen (Chat-Kontroll)

Mat grousser Suerg hunn ech vun der neier Versioun vum EU-Gesetzesprojet iwwer d’Sich no verdächtegem Inhalt an alle private Messagen a Chats (sougenannte Chat-Kontroll oder Reglement iwwer sexuell Mëssbrauch vu Kanner) gewuer ginn. Dëse Projet kéint zu enger massiver Aschränkung vun der digitaler Privatsphär an Europa féieren, genee sou wéi zum de facto Enn vu Messenger-Déngschter wéi Whats-App, Signal, Messenger, Threema, …. 

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Wéi eng Positioun huet d’Lëtzebuerger Regierung zu dëser neier Propose?
  2. Wéi wäert Lëtzebuerg bei der Positionéierung vun den EU-Regierungen, déi fir den 23. September virgesinn ass, ofstëmmen?
  3. Wéi wäert sech de Lëtzebuerger Vertrieder bei der Sëtzung vun den EU-Inneministeren den 10. Oktober positionéieren?
  4. Wéi schätzt d’Regierung d’Auswierkunge vun dësem Gesetzesprojet op d’Privatsphär vun de Lëtzebuerger Bierger an?
  5. Wéi gedenkt d’Regierung d’Recht op privat Kommunikatioun an d’Recht op Verschlësselung ze schützen, falls dëst Reglement ugeholl gëtt?

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene