An senger Äntwert op meng Fro N°816 iwwert déi finanziell Ënnerstëtzung vum Staat un de Fraise vun de Sportfederatiounen, wat dat administratiivt an technescht Personal ubelaangt, huet de Sportminister een neie Modell am Oktober vun dësem Joer ugekënnegt. Fir vill Sportverbänn ass dëst allerdéngs nach net kloer.
- Kann de Minister dëse neie Modell vun der finanzieller Ënnerstëtzung vun de Fraise fir d’Paien an d’Indemniséierung vum administrativen an technesche Personal am Detail präziséieren?
- Mécht den neie Modell een Ënnerscheed tëscht dem administrativen an dem technesche Personal vun de Sportverbänn? Wann jo, a wéi fern?
- Wat erwaart sech de Minister mëtte-l a laangfristeg vun dësem neie Modell?
- Gëtt et dozou een Avis vum Conseil supérieur des Sports?
- Ass den COSL an dës Iwwerleeunge mat agebonne ginn?
- Ginn dann och déi scho säit laangem net méi aktualiséiert an awer nach besteeënd Kontrakter mat de Sportverbänn ab Oktober ugepasst, fir de Verbänn déi néideg Planungssécherheet ze ginn?
- Wa jo, wéi kann een sech dann den Decompte vum Joer 2024 virstellen, mat 9 Méint besteeëndem Modell an 3 Méint neiem Modell?
- Wär et net fir all Bedeelegt méi einfach gewiescht den neie Modell den 1. Januar 2025 ulafen ze loossen, wuel wëssend, dass d’Paiementer vum Exercice 2024 neierdéngs schonn den 31. Januar 2025 mussen ofgeschloss sinn?
- Hëlt de Sportsministère déi néideg Precautiounen, fir dass d’Sportverbänn hir Sue vum Decompte 2024 mat Zäite kréien?
- Huet de Sportsministère de finanziellen Impakt vun dësem neie Modell fir déi verschidde Sportfederatiounen evaluéiert ? Besteet de Risiko, dass eng Federatioun mat dëse neie Krittären eventuell eng manner héich finanziell Ënnerstëtzung kritt obwuel d’Käschten nach ëmmer déi selwecht sinn? Gesäit de neie Modell do Iwwergangsbestëmmunge vir?
- Stëmmt et, dass mam neie Modell net méi de Sportsministère selwer, mee den INAPS déi administrativ Ofwécklung vun der finanzieller Participatioun vum Staat un de Gehaltskäschten vun de Sportverbänn wäert iwwerhuelen?
- Wann jo, wou ass dëst an de gesetzleche Missioune vum INAPS virgesinn?