Schoulschwammen

Am Kontext vun der Schoulrentrée stellt sech och dëst Joer erëm d’Fro vum Schoulschwammen a generell vum Manktem u Schwammmeeschtere respektiv Schwammmeeschteschen. De Sportminister huet an engem Interview am Mee dëst Joer eng Campagne annoncéiert fir méi Schwammmeeschteren a Schwammmeeschtesche fir d’Ausübe vun dësem Beruff ze begeeschteren.

  1. Wéi genau gesäit d’Ausbildung vum Beruff vum Schwammmeeschter aus?
  2. Wéi vill Leit hunn zanter 2018 dës Ausbildung ugefaang an och ofgeschloss?
  3. Wéi vill vun dëse Leit hunn ofgebrach? Aus wat fir Grënn hunn dës Leit d’Ausbildung ofgebrach?
  4. Wéi vill Leit si fir d’Schoulrentrée 2024/2025 pro Ausbildungsjoer als Schwammmeeschter ageschriwwen?
  5. Wat sinn d’Ursaache firwat manner Leit bereet sinn dëse Beruff ze ergräifen?
  6. Gedenkt d’Regierung d’Grille horaire vun der Ausbildung unzepassen, fir manner Wäert op d’Chimie ze leeën?
  7. Wuel wëssend, dass a gréissere Schwämmen hei am Land d’Opbereedung vum Waasser vun externe Firmen iwwerholl gëtt, gedenkt d’Regierung eng parallel Filière vun der Ausbildung vum Schwammmeeschter unzebidden, wou d’Chimiescoursen ewechfalen?
  8. An wéi enger Form a wéini gedenkt d’Regierung eng Campagne fir de Beruff vum Schwammmeeschter ze lancéieren?
  9. Wéi gesinn d’Konditiounen aus, fir dass d’Ausbildung vun de Schwammmeeschter aus Däitschland, Frankräich an der Belsch zu Lëtzebuerg unerkannt kënne ginn?
  10. Gedenkt d’Regierung dës Ausbildung an Zukunft unzeerkennen?
  11. Wéi vill Schoulklassen, an deene Kanner aus de Cyclen 1.1 an 1.2 scolariséiert sinn, ginn net reegelméisseg schwammen?
  12. Wat gedenkt d’Regierung ze ënnerhuele fir dëse Prozentsaz ze verklengeren?
  13. Laut dem Plan d’études sollen d’Schoulkanner nom Cycle 4 an der Grondschoul ouni Ënnerbriechung eng Distanz vun 100 m schwamme kënnen – wéi vill Schoulkanner areechen dëst Ziel a wéi vill Kanner areechen dëst net um Enn vum Cycle 4?
  14. Wat sinn d’Grënn dofir?
  15. Wat gedenkt d’Regierung ze ënnerhuelen, fir dass an Zukunft all Kand an der Grondschoul schwamme kann?
  16. Gedenkt d’Regierung an Zukunft déi dofir ausgebilten d’Schwammmeeschtere méi an d’Schoulschwammen an der Grondschoul matanzebezéien?
  17. Gedenkt d’Regierung den „Reglement grand-ducal du 31 juillet 1990 établissant des mesures de sécurité dans l’intérêt de la natation scolaire » deemnächst unzepassen?
  18. Wat gedenkt d’Regierung ze ënnerhuelen, fir dass och d’Schwämme vun de Lycéeë fir d’Allgemengheet respektiv fir d’Schwammveräiner disponibel wäerte sinn?
  19. Am Kontext vum Manktem u Schwammmeeschteren hat de Sportminister iwwert d’Iddi vun engem Pool vu pensionéierte Schwammmeeschtere geschwat – wou sinn dës Iwwerleeungen drun?

Zesummenhang posts

Virun e puer Joren haten d’Piraten eng Diskussioun iwwert d’Pelzverkafsverbuet an der Chamber ugestouss. An enger Aktualitéitsstonn zum Thema gouf vun eiser Säit eng
An der däitscher Press gëtt beriicht, dass d’Polizist:innen am Saarland an Zukunft wäerte mat engem spezielle Schal equipéiert ginn, deen si viru Messerattacken um
Virun zwou Wochen huet d’Zuchstreck tëscht Esch a Beetebuerg misste gespaart ginn, well eng Fënster vun der Foussgängerbréck iwwert der Schefflenger Gare op d’Gleiser