20240919 Rapport Comitéssitzung Bezierk Süden September

Datum: Donneschden, den 19te September 2024, 19h00. Schluss: 

Ofwiesend an entschëllegt: Bruno, Camille. 

De Comité ass beschlossfäheg.

Visiteur: Serge

Déi nächst Sitzung vum Südcomité ass den 8ten Oktober 2024 um 19h00.

1.    Beschloss vum Südcomité

Ee Beschloss iwwert ee Member gouf unanime ugeholl. 

(huis Clos wéinst Dateschutz).

2.    Beriicht vun der Parteileedung vum 16te September 2024

Verweis op de Rapport vun der Parteileedung. 

Datumer fir d’Satzungs-Aarbechten

  • Osten : 12/10/2024
  • Norden : 19/10/2024
  • Süden : 26/10/2024
  • Zentrum : nach net bekannt.

De Bruno organiséiert hei de Sall mam Tommy. 

3.    REVUE DE PRESSE

Diskussioun iwwert déi lescht Presseartikelen iwwert eis Partei.

4. Jetongen Mandatairen

D’Gemengemandatairen hunn doriwwer diskutéiert, wéi et an Zukunft mat der Ofgab vun de Präsenzjetongen un d’Partei soll weidergoen. Et gouf ee Suivi gemaach, wéi eng Sektiounen bis ewell nach keng Jetongen ofginn hunn.

Et gouf vu säute vun de Mandatairen och kritiséiert, dass si net gewëllt sinn, fir de Remboursement vum Projet MALT mat Parteigelder ze bezuelen. Hei gouf d’Fuerderung widderholl, dass d’Prestatairen vun deem Projet och zur Keess musse gebied ginn, grad well CWC mat engem Interessekonflikt gehandelt huet. A finalement och d’Aarbecht, souwuel d’Realisatioun vum Projet a grad Paperassen (Denonciatioun wéinst engem falscher Preuve de Paiement am Dossier) net geleescht gouf, trotz dass d’Consulting Firma hei fir den Erfolleg responsabel war.

Et hu sech verschidde Froe zu de Jetongen gestallt, déi sech och an der Satzungsännerung sollen erëmfannen:

  1. De Süd-Bezierk a seng Leit ass dee gréisste Contributeur vun der Partei. Wéi kënnen d’Contributiuounen an och den Deel vun der Parteifinanzéierung dem Süden hei zegutt kommen? Diskussioun, wéi d’Parteifinanzéierung an d’Ressourcen vun der Partei (zB Personal) op d’Bezierker opgedeelt kéint ginn.
  2. Wat geschitt mat der Part vun de Memberen, déi fir d’Parteifinanzéierung gëllt? Wéi gëtt gekuckt, dass d’Gelder vun der Partei net falsch genotzt ginn?
  3. Punkt vum Christian: déi selwecht Fro stellt sech och beim Remboursement vum Congé politique gehandhaabt fir d’Attributioun un d’Bezierker. D’Contributiuounen, déi de Christian hei mécht, sinn op der Héicht vun den Deputéierten-Contributiounen.

4.    Handyen

Kloerstellung, dass verschidde Gemengeconseilleren aus de Süd-Gemengen een Handy oder een Tablet mat Abo vum Südbezierk gestallt kréien. Den Abo gëtt vum Südbezierk bezuelt. 

5.    Projet Outreach

Erklärungen vum Chris zum Projet Outreach. Et handelt sech ëm ee soziale Projet, dee vun Diddeleng aus gesteiert gëtt, fir Schoulofbriecher z’encadréieren.

Et ass kee klassesche Projet, fir sozial Aarbecht, ewéi Streetworker, déi mer fuerderen, och wann dat elo an der Gemeng Péiteng esou verkaf gëtt. 

No enger Interventioun vum Chris (Mail) gëtt de Projet elo am nächste Péitenger Gemengerot thematiséiert. 

6.    Retrospective 1ère année conseil communal 

An der Reegel ass an de meeschte Gemengen d’Aarbecht gutt gemaach ginn.Den Austrëtt vu Gemengeconseilleren ass u sech net op d’Bezierksaarbecht zeréckzeféieren, mee op de Konflikt, deen ëm de Projet MALT entstanen ass.  

Gudde Feedback iwwert d’Zesummenaarbecht am Südcomité, well déi reegelméisseg Treffen (1 Mol all Mount) ee gudden Austausch fërderen. An Zukunft kéint ee méi Treffen organiséieren, déi d’Gemengeréit thematiséieren. 

Info Gemeng Péiteng: de Jean-Pierre wäert aus gesondheetleche Grënn als Gemengeconseiller an Zukunft ophalen. Esou laang hien et gesondheetlech packt, wëll hie säi Mandat weiderféieren. D’Sektioun Péiteng an de Südcomité wäerten de Jemp hei weiderhinn ënnerstëtzen, esou laang hien wëll a kann.

Ausbléck op d’Budgetsrieden an de verschiddene Sektiounen.

7.    Duebel Parteimemberschaft

Gëtt een Thema fir d’Satzungsreform. Propose, dass Duebelmemberschaften net méi sollen akzeptéiert ginn.

8.    Fonctionnement Comité Esch/Alzette

Leider ass kee Member aus der Escher Sektioun un der Comitéssitzung präsent gewierscht. 

De Südcomité besteht drop, dass d’Escher Sektioun an enger Kommunikatioun d’Informatiounen aus dem RTL-Reportage kloerstellt an eng Richtegstellung mécht, nodeems d’Escher Memberen an der Parteileedung Saachen richteg gestallt hunn.

9.    Reorganisatioun Chats

Et gëtt gekuckt, wéi een d’Chats an Zukunft aanechters strukturéieren kann, fir manner Chats ze hunn.

10.     Hierschtmoart Esch 14/09/2024

De Südcomité war nom RTL-Artikel, wou Esch iwwert Ofkappselung vum Südcomité geschwat huet, net averstanen domadder, dass den Hierschtmaart hei ofgehalen gouf.

11.     Events

D’Piraten sinn um Oktoberfest zu Käl de 4ten Oktober 2024.

Zesummenhang posts

Virun e puer Joren haten d’Piraten eng Diskussioun iwwert d’Pelzverkafsverbuet an der Chamber ugestouss. An enger Aktualitéitsstonn zum Thema gouf vun eiser Säit eng
An der däitscher Press gëtt beriicht, dass d’Polizist:innen am Saarland an Zukunft wäerte mat engem spezielle Schal equipéiert ginn, deen si viru Messerattacken um
Virun zwou Wochen huet d’Zuchstreck tëscht Esch a Beetebuerg misste gespaart ginn, well eng Fënster vun der Foussgängerbréck iwwert der Schefflenger Gare op d’Gleiser