Eltere kënnen op Myguichet.lu Informatiounen zu hire Kanner fannen. Bei gescheeten Elteren ass et esou, dass verschidden Informatioune vun hire Kanner nëmmen ugewise ginn, wa si op der selwechter Adress wéi hir Kanner ugemellt sinn. Bei gescheeten Elteren, déi net op der selwechter Adress wunnen, ass et esou, dass een Elterendeel keen Accès op dës Donnéeën huet, och wa béid Elteren d’Autorité parentale gemeinsam ausüben.
An deem Zesummenhang wëlle mir folgend Froe stellen:
- Wéi eng Informatioune vun hire Kanner kënne gescheeten Elterendeeler, déi net op de selwechter Adress wunnen, wéi hir Kanner, net op myguichet.lu consultéieren?
- Kënnen dës Elterendeeler d’Informatiounen iwwert een anere Wee consultéieren?
- Firwat gëtt dëst esou op myguichet.lu gehandhaabt?
Fro n°1183