Iwwert d’Gestion locative sociale kann e:ng Propriétär:in Wunnraum un eng Vereenegungen verlounen, déi se dann um soziale Wunnengsmaart weiderverlount. D’Vereenegung garantéiert dobäi, d’Wunneng a Stand ze halen an anzesprangen, wann de Lokatär de Loyer net méi géif bezuelen. Zu de staatlech konventionéierte Partner fir d’Gestion locative sociale gehéiert ënnert anerem och d’Fondation Caritas Luxembourg Accueil et Solidarité a.s.b.l.
Verständlecherweis veronséchert de Finanzskandal bei der Caritas aktuell eng Rei Persounen, déi der ASBL hier Wunneng am Kader vun enger Gestion locative sociale zur Verfügung gestallt hunn. D’Wunnengsbesëtzer:inne froe sech, ob d’Caritas ugesichts vun enger eventueller Insolvenz nach zäitno de Loyer iwwerweise géif, am Fall, wou d’Locatairen de Loyer net méi géinge bezuelen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Huet d’Regierung Pläng, fir sécherzestellen, dass eng Faillite vun der Caritas kee Verloscht vu sozialem Wunnraum mat sech brénge géif?
-
Huet d’Regierung Pläng, fir sécherzestellen, dass am Fall vun enger Faillite vun der Caritas, d’Konditiounen an d’Ofsécherunge vun der Gestion locative sociale fir déi concernéiert Lokatären a Proprietären zu all Moment bestoe bleiwen?
QP Nummer 1113