Alternativ zu engem Testament beim Notaire

Nom Dout vun enger Persoun ass et dem Gesetz no un der Famill, fir ze decidéieren, op de Verstuerwene soll begruewen oder verbrannt ginn, falls keen Testament virläit. Persounen, déi sech Zäit hires Liewe vun hirer Famill oofwenden oder vun hirer Famill am Stach gelooss ginn, drécken hire leschte Wonsch oft awer nëmme vis-à-vis vun hire Frënn oder vun Hëllefsorganisatiounen aus an eben net virun hirer Famill, déi vu Gesetzesweeër awer Entscheedungsgewalt huet nom Verstierwe vun dëse Persounen. Grad fir Persounen, déi op der Strooss liewen, a kee Kontakt méi zu hirer Famill hunn, kann dat e Problem duerstellen, deen de Betraffene wärend hirem Liewen oft guer net bewosst ass, esou dass sech d’Fro stellt, ob Sensibiliséierungscampagnë kéinten envisagéiert ginn.

An deem Zesummenhang huet de Sven Clement der Ministesch fir Integratioun dës Froe gestallt:

  • Envisagéiert d’Madamm Ministesch eng staatlech Informatiounscampagne, fir Sans-abrisë gezielt doriwwer ze informéieren, wéi si hire leschte Wonsch offiziell festhale kennen?
  • Well Notaireskäschte fir eng Persoun op der Strooss net ze bezuele sinn, kéint een iwwert Alternativen zu offiziellen Testamenter fir Sans-abrisen nodenken. Kann d’Ministesch sech virstellen, dass den Integratiounsministère an Zukunft géif Formulairen zur Verfügung stellen, déi vun ASBLen, déi um Terrain schaffen, kéinte verdeelt ginn an nodeems se vun de Sans-abrisen ausgefëllt an op offizielle Plazen deposéiert goufen, d’Funktioun vun engem Testament iwwerhuele géifen?

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene