Konflikt tëschent Israel an der Türkei

De Krich a Palästina riskéiert nei Dimensiounen ze kréien. Gëschter huet den türkesche President Israel mat enger militärescher Interventioun gedrot. Israel huet sengersäits gefuerdert, d’Tierkei aus der NATO auszeschléissen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wat wären d’Implikatiounen fir d’NATO, am Fall wou d’Tierkei géif militäresch an Israel intervenéieren?


  2. Wat wären d’Implikatiounen fir d’NATO, am Fall wou Israel géif den tierkeschen Territoire attackéieren? 


  3. Wéi positionnéiert sech déi lëtzebuergesch Regierung an dësem Konflikt tëschent der Türkei an Israel?
  4. Wéi ka verhënnert ginn, dass d’Türkei am Fall vun enger militärescher Interventioun op Informatiounen oder Ressourcë vun der NATO zeréckgräift?


Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1072

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene