Participatioun vum Staat un de Centres nationaux am Sport – Nofro

An der Fro n°804 hunn ech verschidde Froen zu der Participatioun vum Staat un de Centres nationaux am Sport gestallt. Hei stellen sech no der Äntwert awer eng Rei weider Froen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann de Minister erklären, wéi et méiglech ass, dass eleng de Bedarf no méi Trainingsméiglechkeete beim Staat de Luxembourg zu enger Augmentatioun vun 382.500€ 2019 op 2.121.662€ 2023 bei der Participatioun un de Fonctionnementskäschte gefouert huet?

  2. Kann de Minister erklären, wéi et méiglech ass, dass eleng de Bedarf no méi Trainingsméiglechkeete beim Complexe sportif Parc Hosingen zu enger Augmentatioun vun 33.673€ 2019 op 71.680€ 2023 bei der Participatioun un de Fonctionnementskäschte gefouert huet?

  3. A senger Äntwert huet de Minister geschriwwen: “A wat de Centre national de Golf ugeet, gëllt et ze betounen, dass déi finanziell Participatioun, bis dëst Joer, iwwer de Fonds d’équipement sportif national bezuelt gouf. Zënter 2024 leeft dëst och iwwer de Budget vun de nationale Sportzentren, sou dat Dësen am nächsten Aktivitéitsbericht wäert opgelëscht sinn.” Firwat gouf de Centre national de Golf bis 2023 iwwert de Fonds d’équipement sportif national bezuelt?

  4. Zu der Fro nom Centre national de canoë kayak” zu Dikrech huet de Minister Follgendes geäntwert: “D’Komplexitéit vum Dossier, duerch d’Bedeelegung vu ville staatlechen Instanzen, ass de Grond wisou de Centre national de canoë kayak Stand haut nach net konventionéiert ass an de Sportsministère d’Fonctionnementskäschten net kann iwwerhuelen.” Och wann hei verschidde staatlech Instanzen involvéiert sinn, sou gëtt et dësen zënter 2016. Firwat ass den och no méi wéi 8 Joer zënter senger Grënnung nach net konventionéiert? Ginn et ausser der Bedeelegung vu verschiddenen staatlechen Instanze besonnesch Grënn dofir?

  5. De Centre national des arts martiaux krut bei der Participatioun un de Fonctionnementskäschte 2021 138.563€, 2022 660.229€ an 2023 215.203€. Kann de Minister déi grouss Ënnerscheeder beim Centre national des arts martiaux erkläeren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1046

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene