Parteileedung 15te Juli 2024

Den 15te Juli 2024 um 19 Auer zu Koplëscht am HQ 

Vun der Parteileedung ware präsent: Clement Sven, Flor Starsky (Absent – Procuratioun un de Mertz Gilles ginn), Frères Daniel, Goergen Marc, Liesch Camille, Mertz Gilles, Remakel Raymond (Präsidium) Bernard Chris, Da Silva Oliveira Bruno, Godefroid Mathis, Lomel Ben, Monteiro Teresa, Muller Marie-Marthe, Welter Christian, Wampach Jo, Couto Paula, Heuschling Jean, Legrand Claude

Visiteuren:  POLIDORI Ben 

Start : 19h00 ; Enn : 23:00 

Aktuelles 

Explicatiounen vum Ben Polidori iwwert säin Austrett (Huis clos wéinst faits personnels)

Uschléissend Diskussioun tëschent der Parteileedung an dem Ben.   

Als Beweeggrënn huet de Ben d’Grënn aus sengem Communiqué genannt. Méi konkret huet hien Indikatiounen op de Projet MALT souwéi d’intern Gestioun bei der Sensibilitéit gemaach, hie wär wéinst dem Sven Clement an d’Partei komm, an no dem Joer hätt en sech getäuscht gefillt, mat allen Informatioune wou hie krut.  

Déi meescht Membere sinn enttäuscht an traureg iwwert dem Ben seng Entscheedung an hätten sech méi Duerchhalverméige vun him gewënscht an dass een zesumme géing d’Verännerunge bewierken. Och bei der Fro vum Mandat ass d’Parteileedung net averstane mam Ben.  

Trotz allen Differenzen hunn d’Membere vun der Parteileedung dem Ben Merci gesot, dass hien sech erklären an austausche komm ass. D’Parteileedung huet dem Ben och gesot, dass seng Dier bei de Piraten och an Zukunft fir hien o pass, wann hie bei anere Parteien net dat sollt fannen, wat hien sech erwaart.  

De Ben huet d’Sitzung verlooss an d’Parteileedung huet am Uschloss iwwert d’Beweeggrënn an d‘Motiver diskutéiert, woubäi déi eng Membere méi, déi aner manner Versteesdemech konnten opbréngen. 

Interna  

Présentatioun vum Projet MALT (Sven) (Detailer sinn am Huis clos beschwat ginn) 

Intern Präsentatioun vum Sven, wéi dee Projet MALT zustane komm ass a realiséiert gouf. Am Uschloss hunn d’Membere vun der Parteileedung präzis Froe gestallt am Kader vum Projet an och am Zesummenhang mat der Demissioun vum Ben a kruten hei de Point de Vue vum Sven erkläert.  
  
Parteileedung krutt keng Dokumenter gewisen, Informatioune ware reng mëndlech.  

Fazit vun der Parteileedung:   

De Projet gouf vu Leit duerchgefouert, déi zu engem Groussdeel net méi Member bei de Pirate sinn.  

Et si Saachen am Projet schief gelaf, dat beim ONA, mee och bei eis. De Projet géif een haut esou net méi maachen. Membere vun der Parteileedung hunn déi Verantwortlech vun dësem Dossier kritiséiert a froen hei och Konsequenzen. D’Membere vun der Parteileedung wëllen net fir d’Feeler vun engem fréiere Comité astoen, mee d’Parteileedung gesäit awer an, dass Feeler an dësem Projet geschitt sinn, déi net de Wäerter vun de Piraten entspriechen.  

Decisioun  

D’Partei waart nach ëmmer op d’Äntwert an Erklärunge vum ONA, nodeems mer am Dezember 2023 eise Bréif geschéckt hunn. Mir erwaarden, dass den ONA kloer kommunizéiert, wat no hirer Duerstellung misst rembourséiert ginn a wäerten heizou nach eng Kéier ee Rappel un den ONA adresséieren.  
Ouni de finalen Audit, kann ee just op mëndlech Informatiounen zeréck gräifen.   

(Komplette Huis clos aus strategesche Grënn) 

Gouf net beschwat, wëll am Moment net d’Situatioun fir Gespräicher ass. 

Finanzen 

Kredit MALT  

Op Basis vun der Demande de Remboursement vum ONA wäert musse gekuckt ginn, wéi mer dës Schold rembourséieren, wann d’Demande vum ONA kënnt.  

Fir de Finanzement ginn zwou Propose vun de Membere vun der Parteileedung an d’Spill bruecht:  

ee Prêt bei enger Bank  

Oder/an   


eng Demande bei de Verantwortleche vum Projet MALT, déi am Kader vum Projet och Prestataire am Projet waren.  

Vott:  

Accord vun der Parteileedung, fir dass eisen Tresorier dierf d’Konditioune fir ee Prêt ufroen, wann d’Demande vum ONA virläit, awer nach net de Prêt ophuelen.  

Den Tresorier leet der Parteileedung d’Modalitéieren vum Kontrakt vum Prêt vir, bevir dësen ënnerschriwwe ka ginn.   
  
Memberen hunn ausgedréckt, et wär net gerecht, wann si elo misste bezuele fir Feeler wou ehemoleg Membere Geld kruten, et misst ee fir d’Déischt bei deenen’ dGeld froen.  
  
De Sven huet sech negativ geäussert a kloer ze verstoe ginn, dass säin Associé JW net averstane wär.  
  
Et konnt een sech net op ee Punkt vum Remboursement eenegen. Déi Entscheedung ass op eng aner PL verluecht. 

Sektiounen 

/

Events 

Stand op der Luxembourg Pride den 13te+14te Juli zu Esch. 

Stand op der Diddelenger Braderie den 20te Juli. 

Stand op der Péitenger Braderie den 27te Juli.  

Am Dezember feiert eis Partei 15 Joer Gebuertsdag 

Divers 

Statuttenännerung: 

No der Summerpaus ginn an deene 4 Bezieker Workshops fir d’Statuttenännerungen organiséiert.  

Zesummenhang posts

Virun e puer Joren haten d’Piraten eng Diskussioun iwwert d’Pelzverkafsverbuet an der Chamber ugestouss. An enger Aktualitéitsstonn zum Thema gouf vun eiser Säit eng
An der däitscher Press gëtt beriicht, dass d’Polizist:innen am Saarland an Zukunft wäerte mat engem spezielle Schal equipéiert ginn, deen si viru Messerattacken um
Virun zwou Wochen huet d’Zuchstreck tëscht Esch a Beetebuerg misste gespaart ginn, well eng Fënster vun der Foussgängerbréck iwwert der Schefflenger Gare op d’Gleiser