Middegkeet bei de Lokéierer – Nofro

Op meng Froen n°165, 387 an 831 huet d’Mobilitéitsministesch mir Zuele geliwwert betreffend de Fuerpersonal bei den CFL. Wann een sech dës Zuelen ukuckt, fält op, dass 2023 virun allem d’Lokféierer vill Deeg usammelen duerch net liquidéiert Roudeeg.

D’Roudeeg si virun allem do, fir dass d’Lokféierer tëschent hire Schaffwochen eng Paus aleeën, fir sech kierperlech a mental kënnen z’erhuelen. Manner Roudeeg bedeit manner Repos an doduerch méi Middegkeet, manner Leeschtungsfäegkeet an ee Risiko fir d’Gesondheet.

Op meng lescht Fro hat d’Ministesch geäntwert:
“Den CFL-Personalstatut gesäit vir, datt „dans la mesure du possible“ jiddereen duebel Roudeeg (2 Roudeeg hannereneen) soll kréien. En isoléierten Roudag ass définéiert mat minimum 38 Stonnen. En duebelen Roudag ass définéiert mat minimum 62 Stonnen. Den CFL-Personalstatut kennt kéng Reegel vu 44 Stonnen.”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Hunn all d’Lokféierer an der Reegel mindestens zwee Rouhdeeg à 62 Stonnen Paus tëschent zwou Aarbechtswochen?
    Falls nee, wéi oft ass dat vun 2020 bis 2023 net de Fall gewiescht?

  2. Hunn all d’Lokféierer an der Reegel mindestens ee Rouhdag à 38 Stonnen Paus tëschent zwou Aarbechtswochen?
    Falls nee, wéi oft ass dat 2020 bis 2023 net de Fall gewiescht?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1005

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene