Schutz vum Konsumment bei der Reparatur vum Elektroauto

Mir ass zougedroe ginn, datt verschidde Garagen de Besëtzer:innen vun Elektroautoen oder Hybridautoen – fir déi selwecht Aarbechten bei enger Revisioun oder bei enger Reparatur – méi Geld froen ewéi bei Leit, déi mat engem aneren Auto an de Garage kommen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Dierf ee Garage fir Aarbechten, ewéi zum Beispill Filterwiessel, déi bei allen Autoe gläich sinn, d’Besëtzer:innen vun Elektroautoe méi Geld froen?

  2. Dierf ee Garage verschidden Stonneléin fir hir Aarbechter:inne Froen jee no Autostyp?

  3. Wéi steht d’Regierung zu méi Transparenz bei den Garagen duerch eng verflichtent Verëffentlechung vun de Präisser vun hiren Prestatiounen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 990

Zesummenhang posts

Mir ass ee Fall zougedroe ginn, wou ee Proprietär vu verschiddene Residencë wéinst Renovatiounsaarbechten engen 30 Locatairen hir Kontrakter kënnegt. Déi ronn 30 Locatairë