Den Office national de l’enfance (ONE) schafft mat privaten Organisatiounen am Beräich vun dem Kanner- a Jugendschutz zesummen, fir Projeten an Hëllefsmoossnahmen ëmzesetzen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°820 informéiert de Minister, dass den ONE am Zäitraum 2019-2023 insgesamt 651.920.372€ u seng extern Prestatairen ausbezuelt huet.
• Kann de Minister den uewe genannte Montant op d’Joren 2019 bis 2023 an op déi zéng gréisste Prestatairen oplëschten? -
De Minister huet och präziséiert, fir wéi eng Prestatiounen am Zäitraum 2009 bis 2013 309.766.783 € ausgi goufen (gemengt war wuel d’Period 2019 bis 2023?).
• Kann de Minister den uewe genannte Montant op d’Joren 2019 bis 2023 an op déi verschidde Forfaiten oplëschten? -
Existéieren iergendwellech Etüden, Indicateuren oder Prozeduren, fir d’Aarbecht an d’Prestatioune vum ONE a senge Prestataire ze bewäerten?
• Falls jo, wéi eng sinn dat a wéi eng Leit ginn hei gefrot?
• Falls nee, wäert de Minister dofir suergen, dass hei an Zukunft Date wäerten erhuewe ginn, bzw. d’Servicer méi genee analyséiert ginn (zum Beispill duerch Enquêtes de satisfaction?)
QP Nummer 988
Eischt Fro:
https://piraten.lu/one-allocatiounen