Transparenz bei de Mietverträg

Gesetzesprojet n°7642

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • de Gesetzesprojet n°7642 ännert verschidde Reegele betreffend der Locatioun vu Wunnengen zu Lëtzebuerg;
  • den Artikel 5 vum Gesetzesprojet gesäit vir, dass Mietkontrakter an Zukunft schrëftlech musse gemaach ginn an eng Rëtsch vun Elementer musse beinhalten, wéi zum Beispill d’Héicht vum Loyer, dem Supplément fir Miwwelen, Chargen, de Montant vun der Garantie locative, etc.
  • follgend Reegel gouf, duerch eng Textpropose vun der aktueller Regierung vum 19ten Abrëll 2024 net am Text vu Gesetzesprojet n°7642 zeréck behalen

    mention que le loyer demandé par le bailleur pour le logement loué est déterminé de façon à respecter le plafond légal du loyer annuel tel que prévu par l’article 3 ;

    an domadder gëtt keng Verflichtung duerch de Legislateur geschaf, fir am Mietkontrakt transparent festzehalen, wéi héich de Capital investi vun enger Wunneng ass an als Konsequenz kann de Locataire net iwwerpréiwen, ob säi Loyer gesetzeskonform ass;

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. d’legal Obligatioun ze schafen, dass de Capital investi an de Mietkontrakt dra stoe kënnt.

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene