An engem Wort-Artikel vum 28ten Juni seet de Gilles Feith, Chef vun der Luxair: “Neue Strecken gehören ebenfalls zur künftigen Luxair-Strategie, aber noch hält sich die Airline bedeckt mit konkreten Plänen.” Nei Destinatiounen kéinnte besonnesch fir déi Lëtzebuergesch Ekonomie interessant sinn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wäert d’Regierung sech dofir asetzen, dass bei de neie Strecken, déi fir d’Luxair potenziell a Fro kéimen, och Destinatiounen dobäi sinn, déi fir déi Lëtzebuergesch Ekonomie besonnesch interessant kéinte sinn, zum Beispill New York?
-
Wei eng Ureizer wier de Wirtschaftsministère eventuell bereet ze proposéieren, fir dass Destinatiounen, déi och am Interêt vun der Lëtzebuerger Ekonomie sinn, ugesteiert géife ginn?
-
Ass e Ministère an der Sich no neien Destinatioune fir d’Luxair involvéiert? Wa jo, wéi een ass dat?
-
Hunn d’Ministere Kenntnis doriwwer, ob bis elo an engem Verwaltungsrot d’Sich no neien Destinatioune beschwat gi sinn?
QP Nummer 951