Wat kënnen d’Leit doheem maache fir e Réckstau bei Héichwaasser ze verhënneren?

 De leschte Weekend koum et op verschiddene Plazen am Land zou Héichwaasser. Am Süde vum Land sinn deelweis d’Kellere vollgelaf, well d’Waasser aus dem Kanal an d’Haiser koum. De Waasserspigel am Kanal ka bei extremem Ree bis zu der sougenannter Réckstauebene klammen. Dann fëllen sech d’Leitungen am Haus mat de Waassermassen. All Oflaafstell, déi méi déif läit wéi d’Réckstauebene, riskéiert iwwerschwemmt ze ginn, well d’Waassermassen, déi am Kanal keng Platz méi hunn, mat engem staarken Drock en “Auswee” sichen an duerch all Ëffnungen am Haus ouni Réckstausécherung austriede kënnen. D’Éisträichesch Regierung gëtt eng Réi Rotschléi un hir Bieger:innen, wat si solle maachen, fir esou Iwwerschwemmungen ze verhënneren. https://www.wien.gv.at/umwelt/kanal/pdf/infoblatt-ueberflutung.pdf 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann een zu Lëtzebuerg Réckstauklappen bei sech doheem abauen? Wa jo, brauch een hei eng Geneemegung a wéi eng wier dat?

  2. Sinn esou Réckstauklappen eppes wat de Staat de Bierger:innen uréit?

  3. Kann een zu Lëtzebuerg bei sech doheem ee Kanal ausbauen oder bauen? Wat fir eng Geneemegunge sinn hei néideg?

  4. Bei den Toiletten ënner der Réckstauebene réit zum Beispill déi Éisträichesch Regierung hire Bierger:innen, fir “Fekalienpumpen” anzebauen, wëll hei d’Réckstauklappen net de gëeegenten Outil wieren. Dierfen d’Bierger:innen hei am Land dës abauen? Och hei erëm d’Fro, ob een eng Geneemegung brauch a wéi eng dat an deem Fall wier?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 967

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene