Protokoller als Scheibenwischerdekoratioun – Nofro

A menge parlamentaresche Froen n°614, 1266 , 1484 an 2300 hat ech déi zoustänneg Ministeren iwwert net bezuelten Avertissements taxés (AT) befrot a krut heizou detailléiert Tabelle mat Zuele presentéiert, déi weisen, dass net ëmmer all Protokoller bezuelt ginn.

Esou gouf gewisen, datt an de Joren 2013 bis 2019 Protokoller am Wäert vu ronn 20 Milliounen Euro net direkt bezuelt goufen, ma iwwert den Instanzewee vun der Justiz missten agedriwwe ginn, wouduerch net kloer ass, wéi vill Sue letztendlech onbezuelt bleiwen. Eleng fir d’Joer 2019 si 5 Milliounen Euro un Avertissements taxés net direkt bezuelt ginn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Fir d’Joren 2019 bis 2023, opgelëscht no Unzuel a Montanten
    • wéi vill Avertissements taxés goufen opgestallt?
    • wéi vill sinn der bezuelt ginn?
    • wéi vill sinn net bezuelt ginn?
    • wéi vill Avertissements taxés si fräiwëlleg bezuelt ginn, nodeems de Parquet saiséiert gouf?
    • wéi vill Ordonnances pénales goufen op Basis vun net bezuelten ATen geschwat?
    • wéi vill Ordonnances pénales goufe bezuelt?
    • wéi vill Ordonnances pénales si duerch Contrainte par corps geläscht ginn?
    • wéi vill Ordonnances pénales goufen ni bezuelt a si geläscht ginn?

  2. An der Fro n°2781 krute mer Zuelen iwwert d’Notzung vun der Radkrall (Pince), déi genotzt gëtt, fir Gefierer z’immobiliséieren. Den Effekt vun esou enger Krall ass net z’ënnerschätzen, well de Proprietär vun engem Gefier net nëmmen eng Geldstrof ze bezuele kritt, mee och Zäit dofir opwänne muss, säi Gefier erëm entspaart ze kréien. 

    Wéi vill Mol hu Policebeamten an deene leschten 3 Joer (opgelëscht no Joer) ee Gefier mat enger Pince immobiliséiert?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 954

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene