Haut war an der Chamber de Vott fir d’Verlängerung vu “Klimabonus Wunnen” Primme fir e.a. Photovoltaik a Wärmepompelen. D’Gesetz ass bis den 30.06 verlängert ginn. Mir Piraten hu gefuerdert, datt direkt bis den 30.09 verlängert gëtt, fir de Leit Planungssécherheet ze ginn a wëll de Premier an den Ëmweltminister och gesot hunn, si wéilten iwwert de Summer ee Projet deposéiere fir bis den 30.09 verlängeren. Mir hu kuerzfristeg an der Chamber ee Vott fir eng Verlängerung bis den 30.09 gefrot, déi dunn awer vun der CSV/DP Regierung ofgeleent gouf.
Et ass net déi éischte Kéier, dass en Amendement, eng Proposen oder eng Motioun vun de Piraten vun de Majoritéitsparteien aus puerem Opportunismus ofgeleent gëtt. Et hätt elo kéinten am Interêt vun de Leit séier an effikass gehandelt ginn an d’Aide bis Oktober verlängert ginn. Dëst wor esou mat de Majoritéitsparteien net méiglech. Si hunn sech dozou entscheet, entgéint vun den Aussoe vum Premierminister Luc Frieden an Ëmweltminister Serge Wilmes, eis Proposen net ze validéieren. Et ass warscheinlech, dass an e puer Méint d’Majoritéitsparteien da mat der identescher Propose kommen an als hir eegen Iddi verkafen. Dëst ass keng Politik am Interêt vun de Leit, dëst ass kee Respekt virun der Aarbecht a Motivatioune vun den Oppositiounsparteien, dëst ass puren Opportunismus op dem Réck vun eiser Bevëlkerung.