FRO.LU: Mobbing an de Schoulen

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

Mobbing a Cybermobbing si grouss Problemer an eiser Gesellschaft an an eise Schoule. Fir déi Betraffe ka Mobbing zu laangfristege mentale Problemer féieren. Op der Bee Secure Helpline hu fir d’Schouljoer 2022/2023 sech 101 Mannerjäreger oder hir Elteren an hirer Plaz fir Hëllef gemellt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann de Ministère Zuele virleeën, wéi vill Fäll vu Mobbing a Cybermobbing u Mannerjäregen an de leschte 5 Joer bei de Schoule (Primärschoule, Lycéeën, Maison Relaisen) selwer gemellt gi sinn?

  2. Kann de Ministère Zuele virleeën, wéi vill Fäll vu Mobbing a Cybermobbing u Mannerjäregen an de leschte 5 Joer bei der Police gemellt goufen? 

Fro n°849

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 849

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene