Middegkeet bei de Lokéierer

Op meng Froen n°165 an 387 huet d’Mobilitéitsministesch mir Zuele geliwwert betreffend de Fuerpersonal bei den CFL. Wann een sech dës Zuelen ukuckt, fält op, dass 2023 virun allem d’Lokféierer vill Deeg usammelen duerch net liquidéiert Roudeeg.

Esou goufen am Joer 2023 1.012 Roudeeg net liquidéiert, also ee Solde vun 322 Deeg, déi eleng fir 2024 era musse geholl ginn. Bei 334 Lokféierer bedeit dat, dass an der Moyenne bal all Lokführer ee Roudag muss eranhuelen (woubäi verschiddener jo hei méi cumuléieren an anerer guer net).

D’Roudeeg si virun allem do, fir dass d’Lokféierer tëschent hire Schaffwochen eng Paus aleeën, fir sech kierperlech a mental kënnen z’erhuelen. Manner Roudeeg bedeit manner Repos an doduerch méi Middegkeet, manner Leeschtungsfäegkeet an ee Risiko fir d’Gesondheet. Ee Lokféierer, dee permanent siwen Deeg um Stéck oder 48h d’Woch schafft, kann net permanent konzentréiert schaffen, wat och ee Risiko fir d’Passagéier duerstellt. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Zum Personalbestand: Wéi vill Lokféierer an Zuchbegleeder waren an de Joren 2020 bis 2023 (opgeschlësselt no Joer) op mannst ee Mol am Statut “inapte” a konnten deemno net hirer Aarbecht nogoen? Goufen dës Lokféierer an Zuchbegleeder an der Statistik vun der QP n°165 mat agerechent?

  2. Wéi verdeelt sech de Solden u Roudeeg bei de Lokféierer? Wat ass de Maximum u Roudeeg, deen ee Lokféierer muss eranhuelen a sinn d’Moyenne an de Median bei alle Lokféierer?

  3. Wat wäert ënnerholl ginn, fir dass et net méi virkënnt, dass d’Lokféierer Roudeeg gestrach kréien?

  4. Wéi vill Stonne stinn insgesamt op den Zäitspuerkonte vun de Lokféierer (zënter der Aféierung vum CET)?
    Wéi vill Stonnen hunn sech iwwert déi lescht 5 Joren hei ugesammelt a wat sinn den Duerchschnëtt an de Medianwäert bei alle Lokféierer?

  5. Wéi oft ass et 2023 virkomm, dass d’Lokféierer méi wéi 40h/Woch geschafft hunn a wéi vill Iwwerstonnen hunn sech op dës Manéier ugesammelt?

  6. Hunn all d’Lokféierer an der Reegel mindestens 44 Stonne Paus tëschent zwou Aarbechtswochen? Falls nee, wéi oft ass dat 2023 net de Fall gewiescht?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 831

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene