Kandsmësshandlung ass een eescht Thema an eis Gesellschaft muss versichen, fir all Form vu Gewalt géint Kanner z’entdecken, ze verhënneren oder ze bestrofen. An engem moderne Rechtsstaat ass d’Justiz dofir zoustänneg, fir dass dat geschitt.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi vill Plaintë wéinst Abus géint Mannerjäreger (opgelëscht no der Form vun Abus, z.B. Abus sexuel, violence, négligence) sinn an de leschte 5 Jore bei der Police an der Justiz agaangen?
-
Wéi vill vun dësen Affaire sinn ouni weider Suite klasséiert ginn?
-
Wéi laang dauert et am Schnëtt vum Erareeche vun der Plainte bis den Dossier bei der Police evakuéiert gëtt (weidergeleet un de Parquet)?
Wéi laang dauert et am Schnëtt vum Erareeche vun der Plainte bis den Dossier beim Parquet evakuéiert gëtt (klasséiert gëtt oder an enger Geriichtsaffär lant)? -
Wéi vill Persoune sinn aktuell beim SCAS agestallt a wéi eng Servicer existéieren hei? Wéi huet sech d’Unzuel vun de Persounen an dëse Servicer tëschent 2018 an haut entwéckelt?
-
Wéi sollen sech d’Servicer beim SCAS personell an organisatoresch an deenen nächste 5 Joren entwéckelen (wéi eng weider Aufgabe soll de SCAS an Zukunft erfëllen a mat wéi vill Persoune soll dat geschéien)?
QP Nummer 832