20240521 Südcomité Rapport

Präsent

Paula Couto, Teresa Monteiro, Sonya Scalise, Tina Fantone, Camille Liesch, Tammy Broers, Bruno Da Silva, Gilles Mertz, Chris Bernard, Christian Welter, Marc Goergen, Granit Shala

Kommissiounen

Intern gëtt d’Lescht verschéckt wien a wei enger Kommissioun setzt.

Et gëtt e Suivi gemaach, wie mer op Esch a Kommissioune schécken. Et ginn nach Leit gesicht. 

Suivi doriwwer, wat an deenen eenzelne Kommissioune leeft, fir eis ze koordinéieren. 

Kucken, ob et an anere Gemengen eng Sozialkommissioun bräicht. Fro un all Schäfferot wou keng Sozialkommissioun do ass.

Schwämmen

Point vum Chris Bernard, dass mer als Conseilleren emol kucke kennen, fir eng gemeinsam Positioun z’entwéckelen zu de Präisser an de Schwemmen an eise Gemenge . Déi piratesch Iddi ass , dass een als Awunner mei bëlleg an d’Schwemm vu senger Gemeng kann ewéi Leit vun ausserhalb (Résidents & Leit déi hei schaffen).

Käschten/Entrée vun de Schwemmen an eise Budgetsdokumenter kann ee vergläichen. 

Sigi

Point vum Chris Bernard iwwert de Sigi: d’Gemenge bezuele vill, gi Persounen op Poste gesat, déi ganz vill verdéngen (mei wei 180k). Fro, ob Gemengen dat wossten. Dee wou virdrun do war, huet Gelder verontreit, dee wou elo do ass, ass verdächteg. Do formuléieren eis Conseilleren eng Fro, déi all Conseiller schrëftlech stelle kann? Reporter.lu Artikel als Referenz. 

Partizipative Budget

Point vum Gilles: Resolutioun fir partizipative Budget läit prett. Kann all Conseiller a sengem Gemengerot op den Ordre du Jour bréngen. 

Munhowen Fro

D’Fro, déi op de Gedrénkshandel (Schanklizenzen) bezunn ass, läit prett. Fro ob en Exklusivkontrakt dran ass fir d’Gedrénks an de Gemengegebaier. Et gouf kloer gemach, dass mir d’Monopolstellung vu grousse Firmen, wéi Munhowen, net ënnerstëtze wëllen.

Jetons 

Dëse Punkt gouf am Huis clos ofgehalen. Bericht doriwwer, wéi eng Sektiounen wéi vill Jetongen iwwerwisen hunn.

Fro zur Satzungsännerung 2024

Den Arbechtsgrupp fir Parteistatutten kënnt no den Europawalen. 

Feedback Blummemaart

Ben Lomel mecht e Punkt iwwert den Erfolleg vum Blummemaart. De Feedback war ganz positiv vun de Leit. Waren d’Partei wou am meeschte Leit do hat. 

Summerfest Samschdes de 7te Juli. Et gëtt Paella an et kennt en DJ. All Sektioun ass invitéiert.

Pride Weekend

Hei maache mir dest Joer och erëm dei zwee Deeg mat. 

Sektioun Esch soll sech zesummen koncertéieren a eis a „Programm“ schécken, wen mecht wat a wou, etc…

Walparty

9te Juni beim Ben am Restaurant zu Kayl ab 16h00.

De Christian soll d’Invitatioun erausschécken, och fir d’Iesse virzebestellen.

Braderie Péiteng 

Organisatioun ween do ass, fir de Stand, 27te Juli 2024.

Stammdësch

Diskussioun, dass mer an all Gemeng wou mer Conseilleren hunn e Stammdësch organiséieren all puer Méint. Bei Gemengen a verschiddenen Uertschaften, all Kéier an enger verschiddener Uertschaft.

Zesummenhang posts

Virun e puer Joren haten d’Piraten eng Diskussioun iwwert d’Pelzverkafsverbuet an der Chamber ugestouss. An enger Aktualitéitsstonn zum Thema gouf vun eiser Säit eng
An der däitscher Press gëtt beriicht, dass d’Polizist:innen am Saarland an Zukunft wäerte mat engem spezielle Schal equipéiert ginn, deen si viru Messerattacken um
Virun zwou Wochen huet d’Zuchstreck tëscht Esch a Beetebuerg misste gespaart ginn, well eng Fënster vun der Foussgängerbréck iwwert der Schefflenger Gare op d’Gleiser