Den Office national de l’enfance (ONE) ass eng Verwaltung, déi sech fir de Jugendschutz hei am Land asetzt. Den ONE schafft selwer u Projeten an ënnerstëtzt och aner Prestatairen am Beräich vum Jugendschutz. Heifir bezilt den ONE senge Prestatairë fir d’Ausféierung vu verschiddene Servicer Suen aus.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi eng Organisatiounen hu vun 2019 bis 2023 Sue vum ONE krut a wéi vill?
-
Fir wéi eng extern Servicer huet den ONE tëscht 2019 an 2023 pro Joer am meeschte Suen investéiert?
-
Kann de Minister eng Oplëschtung maache vun allen Ausgaben (Budgetsposten), fir déi den ONE Suen un d’Acteuren um Terrain ausbezilt?
QP Nummer 820