Participatioun vum Staat un beim Personal vun de Sportverbänn

Per Circulaire vum 20te Juni 2023 hat den deemolege Sportsminister d’Erhéijung vun der staatlecher Participatioun un der Indemnisatioun vum administrativem a techneschem Personal vun de Sportfederatioune fir d’Joer 2023 ugekënnegt.
85.000€ forfaitär jeeweils fir d’Nationaltraineren, déi national Directeur technique (DTN) an déi administrativ Gestionnairë vun de Sportverbänn. 35.100€ iwwerdeems fir d’Personal aus de Sekretariater. Dës forfaitär Montante sollen ausbezuelt ginn op Basis vun de reellen Ausgabe vun de Federatiounen.
Laut Aktivitéitsbericht 2023 vum Sportsministère goufen am Joer 2023 1.475.000€ u 26 Sportverbänn ausbezuelt fir 29,48 administrativ Tâchen an de Sekretariater an 8,25 Tâchë fir administrativ Gestionnairë vun 9 Federatiounen. 4.025.000€ ginn ausbezuelt am Kader vun der Participatioun un de Remuneratioune vun den Nationaltrainer mat Aarbechtskontrakt, respektiv un indemniséiert Nationaltrainer ouni Aarbechtskontrakt, souwéi un DTN’en vun 12 Sportverbänn.
Schlussendlech gi jeeweils 85.000 € un 2 Federatioune fir de Poste vun „Chargé de développement et de formation”.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann de Minister bestätegen, dass déi nach besteeënd Kontrakter mat de jeeweilege Sportfederatiounen eigentlech een anere Schlëssel u Participatioun vum Staat virgesinn?

  2. Och wann et natierlech ze begréissen ass, dass d’Federatiounen am Prinzip eng méi héich finanziell Ënnerstëtzung kritt hunn, ob wat fir eng kontraktuell Basis huet de Minister sech hei bezunn?

  3. Kann de Minister bestätegen, dass et sech bei de 35.100€ fir dat administrativ Personal an de Sekretariater guer net ëm eng Erhéijung handelt mä, au contraire, dëse Betrag och schonn 2022 un déi betreffend Sportverbänn gaangen ass?

  4. Wou kommen déi 29,48 administrativ Tâchen, respektiv déi 8,25 Tâchë fir administrativ Gestionnairen, hier? Wou léit den Ënnerscheed tëscht dësen Tâchen, déi eng Ënnerstëtzung mat 35.100€, respektiv mat 85.000€, justifiéiert?

  5. Wéi héich war d’Unzuel vun Nationaltrainer mat Aarbechtskontrakt, respektiv DTN’en, am Joer 2023? Wéi sinn dës Zuele fir déi indemniséiert Trainer?

  6. Gëtt d’Participatioun vum Staat un de Gehälter, respektiv den Indemnitéiten, vun den Nationaltraineren an DTN’en no der respektiver Ausbildung, spréch der Qualifikatioun LUXQF an der néideger INAPS Lizenz, gestaffelt?

  7. Wéi war d’Participatioun vum Staat un den indemniséierten Nationaltraineren ouni Aarbechtskontrakt an no wat fir Modalitéiten ass dës ausbezuelt ginn? Wou sinn dës Modalitéite festgehalen?

  8. Nodeems dann elo déi verschidden Decomptë vun de Federatioune fir den Exercice 2023 ofgeschloss sinn, kann de Minister den Tableau publizéiere vun de jeeweilege Subsiden, déi un déi verschidde Verbänn fir den Exercice 2023 gaange sinn?

  9. Kann de Minister bestätegen, dass verschidde Federatioune mat der säit 2023 ugewannter Method méi schlecht ewechkommen, ewéi dat virdrun de Fall war?

  10. Wéi huet d’Participatioun vum Staat un der Remuneratioun an der Indemnisatioun vum administrativen an technesche Personal vun de Sportverbänn vun 2017 bis 2023 evoluéiert?

  11. Anscheinend wier de Budget vum betreffende Budgetsartikel fir d’Joer 2023 net duergaangen an dofir huet missen op d’Prozedur vun den „transferts de crédit“ zréckgegraff ginn. Wat fir Budgetsartikelen sinn dofir gebraucht ginn an aus wat fir enge Grënn sinn dës Kreditter fir den Exercice 2023 net fir hier eigentlech Zwecker gebraucht ginn?

  12. Wou ass déi staatlech Participatioun vu 85.000€ fir d’Joer 2023 fir déi jeeweileg „Chargé de développement et de formation » festgehalen, déi net an der Circulaire vum Juni 2023 drastoung?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 816

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen