Am Fall vu Scheedungen huet d’Lëtzebuergescht Recht virgesinn, dass d’Autorité parentale un ee vun den zwee Elterendeeler iwwergeet. Heibäi soll de Riichter d’Interessen an d’Wuel vum Kand berécksiichtegen. Logescherweis geet et de Familljen am Beschten, wann de Papp an d’Mamm, trotz der Scheedung, zesummeschaffen an d’Wuel vun hirem Kand als éischt Prioritéit setzen. An där Konstellatioun ass et och am Gesondsten, wann d’Autorité parentale bei béiden Elterendeeler bleift. Op guichet.lu steet geschriwwen
“En tout cas, l’autorité parentale peut être exercée en commun par les 2 parents non mariés s’ils en font la déclaration conjointe devant le juge des tutelles.”
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi vill Scheedunge goufen et an de leschten 10 Joer?
-
Wéi oft gouf bei Scheedungen decidéiert, dass d’Autorité parentale bei béiden Elterendeeler bleift?
-
Wéi oft gouf bei Scheedungen een Droit de Garde alterné ausgeschwat?
-
Wéi ass et am Fall vu problematesche Scheedungen, wou kee Konsens tëschent den Elteren do war:
• wéi oft gouf bei Scheedungen decidéiert, dass d’Autorité parentale un d’Mamm iwwergeet a wéi oft goung d’Autorité parentale un de Papp ?
• wéi oft gouf bei Scheedungen den Droit de Garde un d’Mamm ginn a wéi oft un de Papp?Existéiert hei ee Biais oder eng Tendenz, dass d’Autorité parentale oder d’Garde méi oft un ee Geschlecht vergi ginn? Falls jo, wourobber ass dëst zeréckzeféieren?
-
Betreffend dem Besuchsrecht vun den Elteren (droit de visite) a Scheedungsfäll:
• Wéi laang kann engem Elterendeel d’Besuchsrecht vun engem Riichter oder vun de Servicer, déi dem Riichter ënnerstinn, entzu ginn?
• Existéiere Fäll, wou Elterendeeler méintelaang oder jorelaang net méi d’Kanner hunn dierfe besiche goen? Falls jo, wéi eng Gravitéit muss heifir virleien?
• De Riichter chargéiert heiansdo extern Servicer, fir d’Modalitéite vum Besuchsrecht festzeleeën an d’Visitten z’organiséieren. Wéi een Handlungsspillraum hunn dës Servicer, déi duerch de Riichter beoptraagt goufen, a wéi eng Modalitéite kënne si festleeën? Wéi wäit dierfen si d’Besuchsrecht vun engem Elterendeel heibäi aschränken, ouni de Riichter ze consultéieren?
QP Nummer 808