Laut Aktivitéitsbericht vum Sportsministère sinn am Joer 2023 2.786.818 € als Participatioun vum Staat un de Fonctionnementskäschte vun den nationalen Zentren am Beräich vum Sport budgetiséiert ginn. 206.041 € sinn dovunner un déi verschidde Verbänn gaang, 2.580.777 € u verschidde Gemengen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Kann de Minister, op Basis vum engem Tableau, d’Evolutioun vun dësen Zuele säit dem Joer 2018 produzéieren (opgelëscht pro nationalem Zenter)?
-
Wéi erkläert de Minister sech d’Evolutioun vun dësen Zuelen?
-
Op Basis vu wat fir Krittären oder Arrangementer gëtt dës Participatioun vum Staat, pro nationalem Zenter, gerechent?
Am Fall wou dëst per Konventioun gereegelt wär, vu wéini datéieren dës Konventioune fir déi jeeweileg Zenteren? -
An den Aktivitéitsberichter vun de Jore virdru waren nach de „Centre national d’aviation“ zu Näertreg, de „Centre national de Golf“ zu Eeselbuer an de „Centre régional omnisports“ an der Gemeng Parc Housen opgelëscht.
• Firwat sinn des Zentren net am Aktivitéitsbericht 2023 dran?
• Wéi vill war do, opgelëscht pro Zenter, d’Participatioun vum Staat säit dem Joer 2018 an op Basis vu wat fir enge Krittären? -
Laut dem Aktivitéitsbericht vun 2020 war den éischten Decompte vum “Centre national de canoë kayak” zu Dikrech fir ufanks 2021 ugeduecht. Och dësen nationalen Zenter ass am Aktivitéitsbericht vum Sportsministère am Joer 2023 net opgelëscht.
• Wéi erkläert sech de Minister dëst, obschonn et dësen Zenter scho säit 2018 gëtt?
• Wéi ass do Participatioun vum Staat säit 2018?
QP Nummer 804