Fir d’Enquête « Vieillir en bonne santé » goufen eng ganz Partie Persounen iwwer 50 Joer zu Lëtzebuerg gebieden, e Froebou auszefëllen an en Deel vun de Participanten huet och weider Tester, wéi z. B. e Rich-Test gemaach. D’Zil vun der Etude ass et, méi Informatiounen ze gewannen, iwwert d’Risike fir neurodegenerativ Krankheeten ze entwéckelen. De Projet gouf organiséiert vum Centre national d’excellence pour la recherche sur la maladie de Parkinson (NCER-PD), an Zesummenaarbecht mat der Uni.lu an dem Luxembourg Institute of Health.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi vill Persounen hunn un der Datenerhiewung deelgeholl?
-
Vill Persounen, déi un der Etude deelgeholl hunn, interesséieren sech fir d’Resultater, well si sech Suerge maachen, bei der Auswäertung kéint eng Opfällegkeet entdeckt ginn. Mat wéi engem Suivi kënnen d’Persounen, déi un der Etude deelgeholl hunn, rechnen?
• Wäerte si informéiert ginn, wann hier Tester Hiweiser op en erhéichte Risiko fir eng Erkrankung geliwwert hunn?
• Wäerte si informéiert ginn, wann hier Tester keng Hiweiser op en erhéichte Risiko fir eng Erkrankung geliwwert hunn? -
Si weider Datenerhiewungsphase mat de Participante geplangt, fir ze suivéieren, wéi hire Gesondheetszoustand an de kommende Joren evaluéiert?
QP Nummer 801