Neien Ulaf fir déi ëmstridden Chatcontrol

Säit längerem gëtt op europäeschem Niveau probéiert, eng Majoritéit fir den ëmstriddene Projet vun der sougenannter Chatcontrol ze fannen. All digitale Messenger-Ubidder soll domat obligéiert ginn, d’Norichte vu senge Benotzer:innen automatiséiert ze iwwerwaachen. 

An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro Nr. 8350 iwwert d’Chatcontrol hat déi deemoleg Regierung gesot, dass si sech an deem Dossier “fir eng méi cibléiert Detektioun vu pedopornographeschem Material a Grooming” géif asetzen, “fir eng generell Iwwerwaachung ze vermeiden”. Den deemolegen Text hat domat keng Ënnerstëtzung vu lëtzebuergescher Säit kritt.
Well de Projet insgesamt a senger ursprénglecher Form op ze vill Kritik gestouss war, goufe rezent dofir kleng Ännerungen un der Regulatioun laying down rules to prevent and combat child sexual abuse virgeholl, mam Zil, esou e Konsenz fir d’Chatcontrol ze erreechen. Duerch Leaks ass elo bekannt ginn, dass den neien Text den 8. Mee 2024 virgestallt gouf an de 24. Mee eng weider Kéier beschwat soll ginn, mam Zil, d’Chatcontrol schonn am Juni vun dësem Joer beschléissen ze kënnen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ween wäert fir Lëtzebuerg un der Reunioun vum 24. Mee deelhuelen?

  2. Wéi eng generell Positioun wäert Lëtzebuerg den 24. Mee an dësem Dossier anhuelen?

  3. Ass d’Regierung der Meenung, dass déi nei proposéiert “Uploadmoderation“ sech vum „Client-Side Scanning“ ënnerscheet a wäert d’Regierung déi Propose de 24. Mee ënnerstëtzen?

  4. Ass d’Regierung der Meenung, dass ee beim nei proposéierte System, dass all d’Notzer:innen der Iwerwaachung per Klick explizitt zoustëmme solle mussen, vun engem fräie Choix schwätze kann, wa gläichzäiteg gefrot gëtt, dass d’Messengerdéngschter ouni dës Zoustëmmung net méi a vollem Ëmfang genotzt solle kënne ginn?
    Wäert sech d’Regierung de 24. Mee fir oder géint dës Propose ausschwätzen?

  5. Wäert d’Regierung de 24. Mee bei der Positioun vun der viregter Regierung bleiwen, dass eng generell Iwwerwaachung muss vermidde ginn, esou dass e systematescht Scanne vu Biller a Videoen an en automatiséiert Ausleeden un d’Police net ënnerstëtzt wäert ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 780

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene