Et ginn ëmmer erëm Erwuessener, déi sech spéider am Liewen decidéieren, fir Schoulen nozehuelen oder sech weiderzebilden. Am Fall, wou dës Persoune fir Kanner oder fleegebedierfteg Familljememberen zoustänneg sinn, kann et awer schwéier sinn, fir dëst ze maachen, wann een duerch d’Ausbildung senger Aarbecht net méi kann nokommen. Dee Moment muss de Stot mat enger Paie manner auskommen, wat fir verschiddener schwiereg, fir anerer onméiglech ass.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wat fir finanziell Aidë stinn engem Erwuessenen zou, dee säin BAC an Owescoursë wëll nohuelen? Awéifern sinn dës Aidë cumuléierbar?
-
Wat fir finanziell Aidë stinn engem Erwuessenen zou, deen een BTS en alternance wëll maachen? A wéi fern sinn dës Aidë cumuléierbar?
-
Ass d’Regierung der Meenung, datt dës finanziell Aiden duerginn, fir als Familljemamm oder Familljepapp dës Studien ze maachen an d’Famill awer finanziell iwwert d’Ronnen ze bréngen? Wann nee, wat fir Schrëtt wëll d’Regierung an dëser Legislatur huelen, fir et de Mammen a Pappe finanziell méiglech ze maachen, hir Diplomer nozebesseren?
QP Nummer 781