Zu Lëtzebuerg ass d’Drénkwaasser aus dem Krunn eng däitlech méi bëlleg a qualitativ héichwäerteg Alternativ zum Waasser aus Fläschen. Obwuel d’Drénkwaasserpräisser an all Gemeng däitlech ënnert dem Präis vum Fläschewaasser leien, ginn et awer nach grouss Ënnerscheeder tëscht de Gemengen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi hunn sech d’Drénkwaasserpräisser an de Gemenge rezent entwéckelt?
Kann d’Regierung als Ergänzung zu der Äntwert op d’parlamentaresch Fro N°7829 vum 29/03/2023 eng aktualiséiert Tabell mat den aktuellen Drénkwaasserpräisser pro Gemeng opstellen? -
Wou sinn déi am Koalitiounsaccord ugekënnegt Analyse fir eng eventuell Harmoniséierung vum Waasserpräis drun?
QP Nummer 775