Op der A13 koum et den 19te Mee zu Iwwerschwemmungen, wouduerch d’Autobunn wärend ronn zwou Stonnen huet missten tëscht dem Tunnel Markusbierg a Mondorf gespaart ginn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi koum et zur Iwwerschwemmung op dëser Plaz? Huet et sech ëm een temporären Defekt gehandelt oder ass hei eng Fehlkonstruktioun de Grond fir d’Opstaue vum Waasser?
-
Wéi kënnen esou Iwwerschwemmungen an Zukunft verhënnert ginn?
QP Nummer 764