Drohunge vu Mataarbechter:inne vu Meteolux géint Journalisten

Wéi d’Tageblatt mellt, krutte si de Weekend no enger Demande u MeteoLux zu enger Facebook Diskussioun eng Drohung ausgeschwat. Esou wier de Journaliste vum Tageblatt gesot ginn:
“Mit „einem Klick“, wie es am Telefon im Meteolux-Büro hieß, könne das Tageblatt von allen Informationen des staatlichen Wetterdienstes abgeschnitten werden, sollte die Berichterstattung in diesem Fall nicht genehm sein.”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi steet d’Ministesch zu esou Aussoe géigeniwwer der Press? 

  2. Wäert d’Ministesch hei reagéieren a mat de Responsabele vu MeteoLux de Kontakt sichen, fir datt esou Aussoen net méi virkommen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 765

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene