“Foreign Agents” Gesetz a Georgien

An Georgien ass de 14te Mee ee Gesetz gestëmmt ginn, dat ONGen, déi méi wéi 20% vun hiren Donen aus dem Ausland kréien, dës musse registréiere loossen. Een änlecht “foreign agents”-Gesetz ass och a Russland a Kraaft a war do een Outil vum Kreml, fir ONGen, déi sech getraut hu géint de Regimm ze schwätzen, ze verbidden.
D’EU-Kommissiouns Presidentin Ursula von der Leyen huet an engem Statement gesot, datt si ganz besuergt géif op dëst Gesetz kucken: “Georgia is at a crossroads. It should stay the course on the road to Europe”. Wéi Politico mellt hunn sech d’Bausseministeren aus 10 Memberstaaten un den Här Borrell geriicht, wou si ënner ë.a. froen, ob d’EU wéilt Mesurë géint de georgesche Premier huelen. ( https://www.politico.eu/article/georgia-parliament-pass-foreign-agent-russian-law-amid-pro-eu-protest-crackdown-tbilisi/ ). Lëtzebuerg huet dëse Bréif net mat ënnerschriwwen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Firwat huet de lëtzebuergeschen Ausseminister dëse Bréif net mat ënnerschriwwen? 

  2. Wéi steet d’Lëtzebuerger Regierung zum “foreign agents bill”? Wat fir Konsequenzen zitt si aus dësem Gesetz?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 734

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene