Petitiounen: Piraten stinn fir méi Matbestëmmung

D’Piraten soen Nee zu engem neien, erhéichte Seuil fir Petitiounen. Mir wëlle méi an net manner Biergerbedeelegung an der Chamber! Dofir wäerte mir eis géint d’CSV, d’DP an d’LSAP wieren, déi de Seuil wëllen eropsetzen. 

An der Petitiounskommissioun vun der Chamber hunn sech haut d’CSV, DP an d’LSAP fir eng Erhéijung vun der Mindestunzuel un Ënnerschrëfte fir een Débat public ausgeschwat. Um Enn kruten d’CSV an d’DP dat wat si wollten: amplaz 4.500 Ënnerschrëfte brauch een der 5.500.

Mir Pirate, an der Kommissioun duerch de Marc Goergen representéiert, ware géint all Erhéijung vum Seuil, well mir eis fir d’Biegerbedeelegung staark maachen.

Mir hunn dann och ee Vott gefuerdert an der Kommissioun, fir déi 4.500 Ënnerschrëften als Seuil festzehalen. D’Majoritéit huet dogéint gestëmmt. D’Petitioune sinn ee vun deene wéinege Mëttel vun de Bierger:inne, fir an der Chamber gehéiert ze ginn. Et ass wichteg, datt d’Themen, déi d’Bierger:innen beschäftegen, weider Geheier fannen a mir gesinn net wéi d’CSV, d’DP an d’LSAP ee Problem doranner, datt et ëmmer méi Petitiounen an d’Chamber packen. Am Géigendeel!

D’Matbestëmmungsméiglechkeeten am Land mussen ausgebaut an net reduzéiert ginn. Et dierf een de Leit net d’Gefill ginn, datt hiert Uleies eis Deputéierten a Ministeren ze vill Aarbecht géif maachen. D’Chamber an d’Regierung muss sech d’Zäit fir d’Petitiounen huelen an och déi Fuerderungen ëmsetzen, fir déi erfollegräich Petitiounen sech asetzen.

Dofir wäerte mir Piraten eis bis zum Schluss géint dës Seuilerhéijung wieren. Mir wäerten eis weider asetze fir méi Biergerbedeelegung zu Lëtzebuerg an an Europa.

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene