Sécherheetsgurter a Schoulbussen

Zu Lëtzebuerg gëllt am Strosseverkéiert eng Gurtpflicht. Wien mam Auto ënnerwee ass, muss sech ustrécken. Och a Linnen- a Reesbussen gëtt et eng Obligatioun fir sech unzestrecken op Sëtzplazen, déi mat engem Gurt equipéiert sinn. Am Fall vun engem Accident kann de Gurt verhënneren, dass en:g Passagéier:in sech oder anerer schwéier verletzt, an dofir ass en ee wichtegt Sécherheetselement.
Trotzdeem ass zu Lëtzebuerg nach net all Bus mat Sécherheetsgurten equipéiert. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass der Regierung bekannt, wéi vill Busser, déi fir den ëffentlechen Transport agesat ginn, net mat Sécherheetsgurten equipéiert sinn (an absolutten Zuelen an a Prozent)? 

  2. Ass der Regierung bekannt, wéi vill Busser, déi spezifesch fir den Transport scolaire agesat ginn, net mat Sécherheetsgurten equipéiert sinn (an absolutten Zuelen an a Prozent)?  

  3. Gëtt drop opgepasst, dass Busser, déi mat Sécherheetsgurten equipéiert sinn, prioritär fir de Schoultransport agesat ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 720

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene