Hausdéieren oder Wallissen am Adapto

Eis gouf vu betraffene Persounen zougedroen, dass si op engem Trajet am Adapto keng Wallissen oder hiert Hausdéier dierfte mathuelen. Dëst wier fir Trajeten am Kader vum Adapto net virgesinn an deementspriechend missten d’Leit da fir esou Trajeten op normal Taxien zréckgräifen. Dat géif bedéiten, datt Betraffener net mam Adapto kéinnte op de Flughafe gefouert ginn a missten dofir ee regulären Taxi huelen. Vill regulär Taxisentreprisë géifen op Ufro vu Betraffenen awer soen, dass si net genuch Plaz hätte fir ee Rollstull an eng Wallis matzehuelen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann d’Ministesch bestätegen, dass am Kader vun engem Trajet mam Adapto keng Hausdéieren oder Wallissen dierfe matgeholl ginn? Wa jo, wat sinn d’Grënn heivir?

  2. Wa jo, ass geplangt, dëst ze änneren an et esou ze erméiglechen, dass och bei Trajete mam Adapto dierfen Hausdéieren oder Wallissen matgeholl ginn?

  3. Wéi vill accessibel Taxie ginn et hei am Land, déi grouss genuch sinn, fir souwuel ee Rollstull wéi och Wallissen mathuelen ze kënnen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 718

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt