Commission spéciale de réexamen bei der ADEM – Nofro

An de Froe 5415 a 5551 hunn d’Piraten sech schonn zu de Beaarbechtungszäite vun der Commission spéciale de réexamen vun der Adem informéiert. Hei gouf et 2022 mat 6 bis 6,5 Méint ganz laang Beaarbechtungszäiten. Fir déi Betraffen ee grousse Problem, well si esou laang hire Recours leeft, kee Recht op Chômage oder Revis hunn. Am Fall wou se an hirem Recours Recht kréien, kréien se d’Geld duerno, mee si mussen an der Zäit anescht iwwert d’Ronne kommen, wat fir vill, voir all déi Betraffen, net einfach ass. Den deemolegen Aarbechtsminister war och net zefridde mat der Beaarbechtungszäit an hat an der Äntwert op d’Fro 5551 erkläert, datt am Sekretariat méi Leit agestallt géife ginn, fir Delaien ze kierzen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wat sinn déi momentan Delaie fir d’Beaarbechtung vun engem Recours bei der Commission spéciale de réexamen vun der Adem?
    Ass de Minister der Meenung, datt dësen Delai zefriddestellend ass?

  2. Trëfft sech d’Commissioun mëttlerweil méi oft wéi 1 bis 2 mol am Mount?

  3. Wéi laang dauert et momentan tëscht der getraffener Decisioun an der Notifikatioun vun der Decisioun un déi Betraffen? 

  4. Wéi vill Leit si säit Januar 2021 am Sekretariat vum CSR agestallt ginn? Wéi vill Leit hunn d’Sekretariat an der Zäit verlooss? Wat ass de momentanen Effektiv?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 676

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene