FRO.LU: Erëm eng Rupture de stock beim medezinesche Cannabis

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

Eisen Informatiounen no ass Stand lescht Woch erëm eng Rupture beim medezinesche Cannabis an de Spidolsapdikten ausgeruff ginn. D’Patienten, déi op de Cannabis ugewise sinn, mussen also erëm op Medikamenter wiesselen, bis erëm medezinesche Cannabis do ass.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Säit wéini ass kee medezinesche Cannabis méi accessibel? Sinn all d’Bléienaarte betraff? Wéi steet et ëm de Stock vu Cannabisueleg?

  2. Fir wéini ass eng nächst Liwwerung virgesinn? Wéi vill kg Bléien a wéi vill Ueleg soll hei geliwwert ginn?

  3. Firwat koum et op een neits zu dëser Rupture de stock?

  4. An der Vergaangenheet koum et ëmmer erëm zu Enkpäss beim medezinesche Cannabis. Wat wäert déi nei Ministesch maachen, fir datt esou Enkpäss net méi virkommen?

Fro n°677

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 677

Zesummenhang posts

Een Artikel der Fondation IDEA vum 27te Januar 2026 weist op Basis vun ADEM-Zuelen, dass et zënter dem Amtsuntrëtt vun dëser Regierung am Dezember
Am Koalitiounsaccord huet d’Regierung festgehalen, fir de Benevolat steierlech z’entlaaschten, andeems den aktuelle Montant vun 5000€ am Joer, dee steierlech exoneréiert ass, no uewen