Iwwert de Subside Qualité+ gi Sportsveräiner, déi Sport fir Kanner ënner 16 Joer ubidden, finanziell vum Staat ënnerstëtzt. Duerch dës Subside kënne lokal Veräiner de Sport zu engem méi gerénge Präis fir eng breet Bevëlkerung ubidden. Am Rapport d’acitivités fir d’Joer 2023 steet fir de Subside Qualité+ Follgendes ze liesen: “2.969.229 € pour le subside « qualité+ » aux clubs sportifs. Un dépassement de l’ordre de 1.641.671 € est demandé principalement en raison de l’augmentation du nombre de demandes et du nombre d’enfants. Le montant global se chiffre alors à 4.610.900 €.” De Montant, deen ursprénglech virgesi gi war, war also net héich genuch an huet missen opgestockt ginn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
U wéi vill Veräiner ass dëse Subside gaangen a wat waren déi 10 Veräiner, déi dee gréisste Montant kruten?
-
Wéi vill Kanner waren 2023 vun dësem Subside betraff?
-
Wéi ass de Gesamtmontant vun de Subsiden an deene leschte 6 Joer evoluéiert a wéi vill Veräiner hunn an de Jore vun 2017 bis 2022, opgeschlësselt pro Joer, vum Subside profitéiert?
QP Nummer 573